Iwwer de Schéissclub Bloëbierg

Eis Ëffnungszäiten*

Schéissstand (wärend der Summerzäit):

Mëttwoch: 15h00-19h00

Freideg: 15h00-19h00

Samschdeg: 10h00-12h00 an 15h00-19h00

Sonndeg: 10h00-12h00

Schéissstand (wärend der Wanterzäit):

Mëttwoch: 15h00-18h00

Freideg: 15h00-18h00

Samschdeg: 10h00-12h00 an 15h00-18h00

Sonndeg: 10h00-12h00

Clubhouse (wärend der Summerzäit):

Mëttwoch: 16h00-19h00

Freideg: 16h00-19h00

Samschdeg: 16h00-19h00

Sonndeg: 10h00-12h00

Clubhouse (wärend der Wanterzäit):

Mëttwoch: 16h00-18h00

Freideg: 16h00-18h00

Samschdeg: 16h00-18h00

Sonndeg: 10h00-12h00

Administratioun:

Mëttwoch: Op Rendez-Vous

Freideg: Op Rendez-Vous

Samschdeg: Op Rendez-Vous

Sonndeg: Op Rendez-Vous

* Am Fall vun enger “alerte orange ou rouge” vun der MeteoLux bleift de Schéissstand zou. Aner Deeg, wou zou ass, fannt dir an eisem Kalenner.

Eis Anlag

10m Indoor-Schéissstand mat 15 Linnen fir Loftdrockwaffe mat engem Maximum vu 7,5 Joule am Kaliber .177

25m Outdoor-Schéissstand mat 10 Linnen, prioritär fir de Kaliber .22lr.

25m Outdoor-Schéissstand mat 10 Linnen fir Grousskaliber-Waffen

50m Outdoor-Schéissstand mat 10 Linnen a motoriséierte Scheiwen

100m Outdoor-Schéissstand mat 10 Linnen a motoriséierte Scheiwen

Modern Reuniouns-Säll.

Historique

1953 gouf d'”Société de tir aux armes sportives de chasse de la ville de Luxembourg” gegrënnt. Déi éischt Competitiounen hunn an den Disziplinne Fosse a Skeet um Cents stattfonnt. Am selwechte Joer gouf d’Feld um Sennengerbierg scho gelount an duerno duerno vun der “Société Tir de Luxembourg-Cents”, dem neien Numm vum Schéissclub, opkaaft ginn. Am Joer 1953 huet de “Schéissstand” 2 Schéisslinnen op 100m an e lafende Käiler op 60 Meter ëmfaasst, all dat ënner oppenen Himmel.

An de fréien 1960er Joren ass d’Pistouleschéissen an 1965 d’Klengkalibergewier bäi d’Gewierschéissen derbäi ginn. Zënterhier ass de Schéissstand um Sennengerbierg vun eise Membere weider ausgebaut ginn.

Den 1. Mee 2006, no der Klo vun den Noperen a wéinst der lueser Erneierungs-Prozedur vun de Commode-Incommodo-Autorisatiounen, huet de Schéissebetrieb fir kuerz Zäit missen ophalen. Duerno huet eng temporär Autorisatioun schwéier Restriktioune fir d’benotzbar Kaliberen opgestallt: um Weekend war maximal .22LR erlaabt wärend e Mëttwoch a Freideg nëmmen den .38spl, 9mm, 45 ACP, .22LR a Loftkaliberen op 5 Feierlinnen erlaabt.

An der Tëschenzäit huet d’Sich no enger neier Lokatioun a Verbindung mat den Ufroe fir Baugeneemegungen a Commodo-Incommodo dozou gefouert, dass Enn Februar 2011 d’Bauaarbechte um neie Schéissstand um Bloëbierg ugefaangen hunn.

3 Joer méi spéit, an der zweeter Woch vum Mee 2014, huet Sportschéisse mat Waffe vum Kaliber .22lr um neie Stand ugefaangen. D’Joer drop, de 17. Juni 2015, war de Schéissstand komplett operationell, inklusiv de grousse Kaliberen. Schlussendlech ass déi offiziell Ouverture den 13. November 2015 a Presenz vum Sportminister ofgehale ginn.

De Comité

Robert Hoffmann

Robert Hoffmann

President
Christian Back

Christian Back

Vizepresident & Tresorier
Robert Biwer

Robert Biwer

Sekretär
Bob Gredt

Bob Gredt

Administrateur
Joël Krier

Joël Krier

Administrateur
Jean Ries

Jean Ries

Administrateur
Robert Thill

Robert Thill

Administrateur
Constant Wagner

Constant Wagner

Administrateur

Eise Comité wéi och d’Schaffekippen an d’Commissairen bestinn zu 100% aus Benevoller, déi hir Fräizäit fir de Club asetzen. Dat erlaabt et eis, de Membersbeitrag trotz moderner Anlagen op engem abordabelen Niveau ze halen.

Wëllt Dir eis kontaktéieren?

X